An hei?!AeroMexico bitt 'DNA Reduktioun' fir US-Bierger un

Aus politesche Grënn ginn ëmmer manner Amerikaner a Mexico an d'Vakanz - d'Airline AeroMexico huet eng méiglech Léisung fonnt, fir da ze änneren.

Leschten Update: 18.01.2019, 10:27:59

© Pexels

D'Zuel vun den Amerikaner, déi a Mexico hier Vakanze verbréngen, geet konstant erof. Fir den Amerikaner d'Rees a Mexico erëm méi attraktiv ze maachen, huet sech 'AeroMexico' eppes ganz Innovatives ausgeduecht: Si proposéieren den Amerikaner nämlech, dass se eng Reduktioun ob hirem Fluchticket kréien.

Wat se dofir maache mussen? Si mussen noweise kënnen, dass se mexikanesch Wuerzelen hunn. Déi Reduktioun ass awer net fir jiddereen déi nämmlecht. De Programm, deen 'AeroMexico' an d'Liewe geruff huet nennt sech 'DNA-Discount'.

Am Kloertext heescht dat, dass ee souvill Prozent Reduktioun op säin Ticket kritt, wei ee mexikanesch Wuerzelen huet. Wann een zum Beispill zu 15% Mexikaner ass, kritt ee 15% Reduktioun.

Ob d'Fluchgesellschaft domat Succès huet, wäert sech an deenen nächste Woche weisen.

An hei de Video dozou!