An hei?!"No Pants Subway Day" zu New-York

Eemol am Joer hunn d'Amerikaner am New-Yorker Metro keng Box un!

Leschten Update: 19.01.2019, 18:31:28

© JOHANNES EISELE / AFP

An den USA war et nees sou wäit, well de “No Pants Subway Ride” stoung nees un. All Joer ëm Januar kënnt et zu der Aktioun. Beim “No Pants Subway Ride” hunn d’Passagéie vum New-Yorker Metro, wei den Numm et schonns verréit, keng Box un. Déi éischte Kéier ass dee Flashmob 2002 organiséiert ginn an ass a ganz villen aner Groussstied och ukomm. Dat ganzt gëtt vum "Improv Everywhere" organiséiert.