An hei?!Hoteller zu NY bidde Gratis-Schlofplaze fir US-Beamten

Hoteler zu New York bidde Staatsbeamten, déi vum Shutdown betraff sinn, gratis Schlofplazen un. D'Beamte musse sech per Email umellen.

Leschten Update: 20.01.2019, 13:57:01

© Angela Weiss / AFP

Zënter 4 Wochen dauert de sou genannte "Shutdown" an Amerika, also eng Spär vum Staatsbudget. Dausende vu Staatsbeamte musse schaffen ouni Pai oder bleiwen doheem.

Wéi d'Vereenegung vun den Hoteller zu New York matdeelt, bitt si Beamten, déi dovunner betraff sinn, gratis Nuechten am Hotel un. Déi 280 Hoteller bidden dëse Service deenen Aarbechter un, déi aus "familiären oder gesondheetleche Grënn" op New York reese mussen.

Interesséiert Beamte solle sech bei den Hoteller mellen. An enger Email solle si hir Situatioun erklären.

Wéinst dem "Shutdown" si vill amerikanesch Beamten an enger Nout-Situatioun. Vue datt si keng Pai kréien, kënne si hir Rechnungen a Prête net méi bezuelen.