An hei?!Abriecher huet sech bei Bewunner entschëllegt

Zu Beckum an Däitschland ass een onbekannten Täter mat Gewalt an een Haus agebrach. Do ass en op de Bewunner vum Haus getraff an huet sech entschëllegt.

Leschten Update: 21.01.2019, 07:35:57

© dpa-AFP-Archiv-Armin Weigel

Och Abriecher kënnen héiflech sinn: een Abriecher, deen am däitsche Beckum an Nordrhein-Westfalen beim Abroch erwëscht gouf, huet sech beim Bewunner vum Eefamilljenhaus entschëllegt - an ass dann duerch d'Hausdier nees verschwonnen.

De Mann wier e Sonndeg den Owend mat Gewalt duerch eng Fënster an d'Haus erageklommen, heescht et vun der zoustänneger Police. Duerno ass hien am Haus op de Bewunner getraff. Den onbekannten Täter ass der Beschreiwung no ee 16 bis 20 Joer ale Mann.