An hei?!E Fräsch kritt Tinder fir net auszestierwen

Fir seng Aart ze retten, gouf dem Romeo mat Hëllef vun engem Online-Dating-Profil eng passend Partnerin gesicht.

Leschten Update: 21.01.2019, 10:39:06

© Pexels

Laang Zäit hunn d'Sehuencas-Waasserfräschen, déi just a Bolivien virkommen, als quasi ausgestuerwe gegollt. Just vun engem Déier vun där Zort war gewosst: Dem Romeo, engem männlechen Exemplar, dee ganz eleng an engem Aquarium am Naturkunde-Musé vu Cochabamba gelieft huet. 10 Joer huet den einsame Fräsch schonn um Bockel, elo gëtt et awer Hoffnung fir d'Déier.

Ouni Partnerin leeft d'Aart Gefor auszestierwen. Fir dat ze verhënneren hat dem Arturo Muñoz Saravia vun der Ëmweltschutzorganisatioun "Global Wildlife Conservation" 2018 schonn en Dating-Profil, an eng sëllech aner social-media-Kanäl, fir de Fräsch ageriicht.

D'Zil vun der skurriller Annonce war genuch Suen ze sammelen fir eng Expeditioun ze lancéieren, bei där am beschte Fall potenziell Partnerinne sollte fonnt ginn. De  Fräsch hat sech wuel vu senger beschter Säit gewisen: De Plang ass nämlech opgaangen.


D'Expeditioun, déi op Grond vun de gesammelte Sue konnt gemaach ginn, huet insgesamt 5 Exemplare vun der seelener Zort entdeckt. Dovun 3 Männlecher an 2 Weiblecher: Soumat besteet deemno eng reell Chance de Sehuencas-Waasserfräsch ze retten.

De Romeo wär zwar aktuell nach e bësse faul a schei well en esou laang Single war, dofir ass seng Auserwielten, d'Julia, besonnesch aktiv. Et géif een einfach drop hoffen datt d'Géigesätz sech unzéien an datt déi zwee hir Aart virum Ausstierwe retten. Ier de Romeo an d'Julia hire Nimm kënne gerecht ginn, mussen di nei Fräsch awer nach eng Quarantaine iwwerstoen. Et gëtt awer scho gemunkelt datt hiert Date um romanteschsten Dag vum Joer stattfanne soll: Dem 14. Februar, och nach bekannt als Vältesdag.