An hei?!Klenge Bijou, grousse Wäert

No 33 Joer an enger Këscht, kënnt eng Britin op d’Iddi hire Rank schätzen ze loossen a mécht domat e klengt Verméigen.

Leschten Update: 06.02.2019, 09:12:27

© Pexels

Wien huet net schonn emol dovu gedreemt beim Raume vum Späicher eppes ze fannen, wat ee fir vill Sue verkafe kéint? Ma enger Fra aus England ass et genee esou ergaangen, nodeems si hir Bijouen auszortéiert huet.

Déi 55 Joer al Britin, Debra Goddard, ass an eng Bijouterie gaange fir hire Rank schätzen ze loossen, dee see virun 33 Joer op engem Floumaart vir 9 Euro kaf hat. Dobäi huet sech erausgestallt, dass si e klenge Schatz am Wäert vu ronn 844 000 Euro an engem 26-27 groussem Karat-Diamant wärend Joren an enger Këscht gehalen hat. 

Nodeems de Bijoutier bal schwaachgefall war ass d’Fra sech dem Wäert bewosst ginn. Si war déi ganzen Zäit dovun ausgaangen datt et sech em en Glas-Rank géing handelen, ma am Endeffekt konnt si aus dem 9-Euro-Rank ganzer 537.000 Euro erausschloen.

De Grond firwat si eréischt no 33 Joer op d’Iddi koum de Rank schätzen ze loossen, war datt si mat der Zomm hier Mamm ënnerstëtze wollt. Dem Debra Goddard no, hätt d'Famill scho vill Misär misse materliewen, deemno wier dat onerwaart Verméige wuel e Wénk vum Schicksal gewiescht.

Mat dësem enorme Betrag, huet sech di 55 Järeg dunn fir d'éischt emol eng kleng Rees op Barbados an e Pelzemantel geleescht. Duerno konnt si dunn och nach hiren Dram verwierklechen an e Vintage-Schmuck-Geschäft opmaachen. Ausserdeem wëll d'Debra e Buch iwwert hiert Liewen erausbréngen, woubäi den Erléis un Fleegebedierfteg goe soll. Donieft soll dann och en Deel vum Betrag, deen duerch de wäertvolle Rank erakomm ass, un eng Hëllefsorganisatioun goen.

Sou kann een u sech nëmmen nach soen, dass d'Debra Goddard zimlech vill Gléck am Ongléck hat.