An hei?!Wien huet dee gréissten...?!

D'Fro ëm déi héchsten Elch-Statue huet Kanada an Norwegen zu Géigner gemaach, elo mësche sech souguer Politiker an fir de Fridden nees hierzestellen.

Leschten Update: 07.02.2019, 09:49:05

© Pexels

"Kanada huet Norwegen den Elch-Krich erkläert" - Esou hat déi norwegesch Zeitung Dagbladet d'Problematik opgegraff. Et geet ëm 30 Zentimeter an ëm dat quasi hellegt Déier, wat a béide Länner virkënnt: Den Elch.

Kanada hat mat "Mac the Moose", déi bis viru kuerzem gréissten Elch-Figur, an dat ganzer 28 Joer laang. D'Kanadier waren natierlech immens houfreg op hiert grousst Déier, dat am Moose Jaw steet. Kee Wonner also datt de Schock grouss war wéi si festgestallt hunn datt am norwegesche Stor-Elvdal bei Lillehammer, eng Elch-Statue steet, déi nach méi héich ass. 30 Zentimeter méi héich, fir genee ze sinn.


De "Storelg", iwwersat wuertwiertlech groussen Elch, aus Sëlwer ass méi wéi 10 Meter héich an eng richteg Touristenattraktioun, an dat schonn zanter 3 Joer. Esou laang steet d'Figur nämlech schonn op senger Plaz. D'Kanadier hunn dat allerdéngs elo eréischt erausfonnt, a sinn trotzdeem net manner getouft.


De Buergermeeschter vu Moose Jaws wollt dat net op sech sëtze loossen an huet kuerzerhand eng Ëmfro gestart fir Iddien ze sammelen, wéi een nees de Status vum gréissten Elch-Besëtzer erreeche kéint. D'Iddien si kreativ a gi vun engem Plateau ënnert der Figur, bis zu engem Hutt deen een dem Déier opsetze kéint. Am populäerste war dann de Virschlag d'Gewei ze vergréisseren, ëmmerhi geschitt dat och an der Natur wann d'Déiere méi al ginn. Eng Spendenaktioun gouf och lancéiert, genee esou wéi eng eegen Twitter a Facebook Säit. A kuckt ee sech de Slogan un: "Make Mac the Moose The World's Largest Moose again", mierkt een och direkt hei geet et em Éier an eng richteg Kampf-Uso.



Ma net nëmmen op social media liwwere sech Kanada a Norwegen en Debat wien dee gréissten huet, elo mësche sech nach méi Politiker an a wëlle souguer an déi jeeweileg Länner reese fir do en Waffestëllstand ze installéieren. Och wann et am Endeffekt wuel drëms geet datt den héchsten Elch déi meeschten Touristen ulackele kéint, esou ass déi heite Geschicht wahrscheinlech nach méi lukrativ wéi all Zentimeter méi.