An hei?!Schwëster oder Frëndin? DNA-Test ruinéiert Bezéiung

Gentester fir doheem kënnen e witzege Kaddo sinn, awer net wann een doduerch erausfënnt datt de Partner eigentlech Deel vun der Famill ass...

Leschten Update: 08.02.2019, 11:57:20

© Pexels

Op der Online-Plattform Reddit kënne Leit hir Geschichten aneren User anonym uvertrauen, kee Wonner also datt déi ënnerschiddlechst a perséinlechst Storyen do opdauchen. Esou wëll ee Mann zum Beispill duerch e Gentest festgestallt hunn datt seng Frëndin a Wierklechkeet seng Hallefschwëster ass.

Hie schreift: "Meng Frëndin an ech sinn zanter ronn 1 Joer zesummen an et leeft super. Mir kommen zoufälleg aus der selwechter Stad, hunn eis awer iwwer d'Uni kennegeléiert." Dat kléngt alles nach zimlech normal, hätte se sech Chrëschtdag net e ganz besonnesche Kaddo gemaach: E Gentest-Set fir doheem. Esou e Kaddo ass mëttlerweil näischt Ongewéinleches méi, ëmmer méi Leit fannen et nämlech witzeg erauszefannen, wou si eigentlech hierkommen an wien hir Virfare sinn. Besonnesch interesséiert war d'Koppel allerdéngs un der Sektioun "Familljen-DNA" well béid duerch Som-Spende kreéiert goufen.

E puer Deeg méi spéit sinn dunn d'Resulater vun den Tests geschéckt ginn. Nieft de Prozentzuele, vu wou hir Virfare stamen, an de Gesondheetsdaten, gouf dunn awer nach eppes festgestallt. An der Sektioun "DNA-Verwandschaft", bei där béid op Informatiounen iwwert hire Papp gehofft haten, koum eraus datt si 27% gedeelten DNA hunn. Domat wär d'Koppel also nieft Partner och Hallef-Geschwëster.


Bedenkt een datt béid aus der selwechter Stad kommen an duerch kënstlech Befruchtung, vun engem Spender, entstane sinn, ass dat mol guer net esou onwahrscheinlech. Ob et dann elo wierklech esou geschitt ass oder ob de User eng bléiend Inzest-Fantasie huet, dat sief dohi gestallt.