An hei?!Kino-Mataarbechter (71) wiert sech mat Bakblech

Am däitsche Minden hat en 71-Järege Kinosaarbechter e maskéierte Raiber iwwerrascht. Dëse wollt d'Suen aus der Keess klauen. Ma net bei dësem Salarié.

Leschten Update: 10.02.2019, 09:09:03

© www.pixabay.com

Zu Minden am däitschen Nordrhein Westfalen huet en 71 Joer ale Kinosaarbechter bewisen, datt mat him net ze spaassen ass.

Hei huet den 71-järege Mataarbechter e Raiber mat engem Bakblech d’Waff aus der Hand geschloen, well dëse mat enger Schosswaff geziilt hat, esou d’Police. 

Eigentlech hat de maskéierten Täter wëlles gehat d’Keesen eidel ze maachen. Allerdéngs ouni Erfolleg.