An hei?!Haus ugefaange wéinst Sträit mat der Mamm

Zu Anderlecht an der Belsch huet ee 24 Joer ale Mann seng Kummer mam Briquet ugefaangen, nodeems hie mat senger Mamm gestridden hat.

Leschten Update: 10.02.2019, 09:09:12

© dpa/AFP Archiv Stephan Jansen

Zu Anderlecht an der Belsch goufen d'Pompjeeë geruff well et an enger Kummer gebrannt huet. D'Feier huet ee 24 Joer ale Mann ausgeléist well dee rosen op seng Mamm war.

Hien hätt senger Mamm deemno gesot, dat hien net zefridde mat der Dekoratioun vu senger Kummer wier. Doropshin wier hien a seng Kummer gaangen an hätt mat engem Briquet seng Kummer ugefaangen, schreiwe belsch Medien. 

Wéinst dem Brand hunn och d'Nopeschhaiser missen evakuéiert ginn. Bis op grousse materielle Schued ass zum Gléck kengem eppes geschitt.

Wéi et heescht wier de Mann a psychologescher Betreiung an d’Mamm vum Täter géing ënner Schock stoen. De Parquet gouf informéiert.