An hei?!Ikea vergësst Neuseeland op Weltkaart-Pouster!

Op dem Pouster "Björksta" vun Ikea ass d'Weltkaart gemoolt. Dobäi fällt op: D'Insel Neuseeland feelt!

Leschten Update: 10.02.2019, 10:22:06

© Screenshot Eldoradio

Ëmmer nees gëtt Neuseeland op Weltkaarte vergiess. Elo ass de Feeler och bei Ikea geschitt. De schwedesche Miwwelverkeefer huet d'Insel op sengem Pouster "Björksta" vergiess.

Eng Spriecherin vun Ikea huet de Feeler beim britesche Sender BBC bestätegt a sech fir de Feeler entschëllegt. Ikea géif de Verkaf vum Pouster stoppen. Nach fënnt een de Pouster um Internetshop.

© Screenshot Eldoradio (www.ikea.de)