An hei?!Esou reagéiere Männer op "Ech wëll e Bëbee"-SMS

Eng Twitter-Notzerin fuerdert Follower dozou op hire Partner eng Noriicht ze schécken datt si e Kand wëllen. Esou witzeg sinn d'Äntwerten...

Leschten Update: 11.02.2019, 10:49:14

© Pexels

Experimenter iwwer social Media, dat ass am Zäitalter vun Twitter, Instagram a Co. näischt Neies méi. Am Fall vun enger Twitter-Notzerin mam Numm @kellicopter ass et trotzdeem mol eng ongewéinlech, a virun allem zimlech amüsant, Aktioun. Hatt huet seng Follower nämlech dozou opgefuerdert hire Frënn, respektiv Partner, eng SMS mam Contenue "Ech wëll e Bëbee" ze schécken.


Mat esou engem Echo hat et dann awer net gerechent. A kierzter Zäit gouf de Beitrag ronn 86.000 Mol geliked an 29.000 Mol kommentéiert. Mat Screenshots vun de Frënn hiren Äntwerten hunn d'User, déi sech der Aktioun ugeschloss hunn, de Post kommentéiert.

Déi witzegst Reaktioune fannt der hei: