An hei?!Schwangerschaftstest mat Thermometer verwiesselt

Seng Frëndin wollt ëm weisen datt et krank ass, de Frënd hat d'Gerät awer mëssinterpretéiert...

Leschten Update: 12.02.2019, 10:29:32

© Pexels

Eigentlech wollt d'Vanessa sengem Partner Izaak just matdeelen datt hatt mat Féiwer am Bett leit an huet him eng Foto vum Thermometer geschéckt. Deen huet 100 Fahrenheit ugewisen, ëmgerechent 37.7 Grad Celsius. Den Izaak hat d'Bild awer komplett falsch verstanen an am Thermometer e vermeintleche Schwangerschaftstest gesinn. D'Zuel 100, esou duecht hien, stéing fir "zu 100 Prozent schwanger". Esou ass sech op alle Fall seng Äntwert "Wéi? WTF. Du verhüts dach, oder?" ze erklären.



D'Frëndin huet de Fauxpas vu sengem Partner offenbar selwer esou witzeg fonnt datt hatt e Screenshot vun hirer Diskussioun op Twitter gepost huet. Am sozialen Netzwierk huet et natierlech net laang gedauert bis den Tweet geliked, kommentéiert a gedeelt gouf, dat vu méi wéi 31.000 User.

Dem Izaak selwer war seng Reaktioun allerdéngs e bësse penibel, hie probéiert sech domat ze verdeedegen datt hien einfach ze midd war d'Foto richteg ze interpretéieren. Hien hätt de Message vu senger Frëndin eben direkt nom erwäche gelies, do kann esou e Mëssverständnes scho mol passéieren.


Och wann et fir den 18-Järegen eng zimlech Blamage war, am Netz hien domat fir vill Spaass gesuergt.