An hei?!Läffelche fir Profien

Mat dësem Kësse schléift den Aarm beim kuschelen endlech net méi an...

Leschten Update: 14.02.2019, 17:28:20

© Unsplash

Op Vältesdag ass fir Verléifter alles méi schéin, méi romantesch a kuscheleg. Ma si mer mol eierlech: eng unenee gekuschelt aschlofen, héiert sech zwar immens un, ass awer seele wierklech bequem. Den onschéinen Nieweneffekt: Irgendee Kierperdeel ass ëmmer am Wee, a wann een da mol eng angenehm Positioun fonnt huet, da schléift den Aarm och nach an. Fir dëse klengen awer wichtege Problem huet eng amerikanesch Firma elo déi vermeintlech Léisung fonnt: D'Coodle-Këssen.

De spezielle Coussin aus Schaumstoff ass esou gebéit datt de Kapp eng Stëtz huet, wärend een den Aarm duerch d'Abuchtung duerschschieben an ofleeë kann. Esou huet den Aarm seng Plaz ouni ze hënneren an ouni d'Gewiicht vum eegene Kierper oder vum Partner mussen ze droen.


D'Coodle-Kësse gouf iwwregens vun enger Koppel entwéckelt, déi genee dëse Problem beim knuddelen hat. Den Accessoire an Tunnel-Form schéngt also wierklech d'Léisung fir déi dacks onbequem Läffelchen-Stellung ze sinn. Iwwregens kann een de Coussin och als Single benotzen, dat héiert sech zwar net grad romantesch un ma praktesch wär et den Aussoe vun der Website no trotzdeem.

Erhältlech ass et den Ament awer just an den USA an dat fir stolz 65 Dollar. De Problem schéngen awer vill Leit ze kennen, ëmmerhin ass de Produit scho komplett ausverkaf.