An hei?!D'Ivanka Trump bréngt hire Kanner bayresche Schockela mat!

D'Ivanka Trump ass dëse Weekend zu München op der Sécherheetskonferenz op Besuch. Si wëll hire Kanner vun do bayresche Schockela matbréngen.

Leschten Update: 16.02.2019, 10:32:51

D'Ivanka Trump (l.) mat der däitscher Verdeedegungsministesch Ursula von der Leyen. © Tobias Hase / dpa / AFP

Dëse Weekend ass zu München d'Sécherheetskonferenz, déi wichtegst Versammlung am Kader vun der internationaler Sécherheetspolitik. Och dem Trump säi Meedchen, d'Ivanka Trump, ass dofir op München gereest.

Hire Kanner wëllt si en extrae Souvenir vu München matbréngen: bayresche Schockela. "Meng Kanner hoffen, datt ech hinnen dee leckere bayresche Schockela matbréngen. Dat wäert ech op alle Fall maachen", esou d'Ivanka Trump géigeniwwer der Bild-Zeitung.