An hei?!Mam Rollstull iwwert d'Autobunn flitzen (Video)

Op engem Twitter-Video gesäit ee wéi ee Mann an engem Rollstull sech op enger Autobunn un engem Camion festhält a "matfiert".

Leschten Update: 11.03.2019, 05:45:55

© dpa / AFP / Peter Gercke

Am Netz geet de Moment ee Video viral deen aus Südafrika kënnt.

Ee Mann an engem Rollstull huet sech an der Géigend vu Pretoria op enger Autobunn un engem Camion festgehalen an ass esou "matgefuer".

Duerno huet e lassgelooss an huet mat "Schwong" déi nächst Ausfaart geholl. 

Eng aner Manéier fir vun A op B ze kommen, allerdéngs och immens geféierlech.

Op kee Fall nomaachen!


Kuckt iech hei de Video un: