An hei?!Fra vergësst Baby, Fliger flitt zréck

Datt um Fluchhafen allméiglech Saachen zréck bleiwen ass gewosst, e Kand ass wuel éischter seelen...

Leschten Update: 14.03.2019, 14:36:29

© Unsplash

Wien huet net schonn emol eppes um Fluchhafe leie gelooss?! An der ganzer Hektik fir mat all dem Gepäck vun A op B ze kommen ass dat nun emol näischt Aussergewéinleches. E Baby, dee vergiess gëtt, dat kënnt hoffentlech éischter seele vir. Genee zu esou engem Fall ass et de Weekend awer a Saudi-Arabie komm.

Eng Fra, déi schonn am Fliger Richtung Malaysia ënnerwee war, huet dorop bestanen datt de Fliger ëmkéiert. De Grond: Si hat wärend dem Fluch gemierkt datt si wäertvoll Cargo um Fluchhafe vergiess hat, an zwar hiert Kand! No Récksprooch mat der Fluchsécherung huet de Pilot sech effektiv decidéiert d'Maschinn ëmzedréinen an d'Mamm bei hire Baby ze bréngen.