An hei?!Mann verstoppt 3 Deckelsmouken a Kuchkarton

Zu Berlin huet d'Douane e Mann erwëscht, deen dräi lieweg Deckelsmouken an d'Land wollt schmuggelen. Hien hat de Beamte gesot, et wier Schockela.

Leschten Update: 16.03.2019, 09:22:47

© Polizei Potsdam

Um Berliner Fluchhafe Schönefeld huet e Mann probéiert, dräi Deckelsmouken aus Kairo an Däitschland ze schmuggelen. Bei der Kontroll huet hien de Beamte vun der Douane verzielt, d'Deckelsmouken a sengem Schungkarton wiere Schockela.

Well déi marokkanesch Deckelsmouken ënner Aarteschutz stinn, goufe se vun der Douane confisquéiert an engem Déierendokter iwwerginn. Verstéiss géint den Aarteschutz kënnen an Däitschland mat enger Strof bis 50.000 Euro oder 5 Joer Prisong bestrooft ginn.