An hei?!Elteren dierfe Kand net "Griezmann Mbappé" nennen

Eng Koppel aus Frankräich wollt hire neigebuere Bouf lescht Joer am November "Griezmann Mbappé" benennen. Dës gouf awer vun der Justiz refuséiert.

Leschten Update: 17.03.2019, 14:41:59

© FRANCK FIFE / AFP

Eng Koppel aus Frankräich wollt lescht Joer am November nom Succès vun der franséischer Nationalequipe an der WM hire Bouf "Griezmann Mbappé" deefen. 



Dës gouf awer vun der Justiz net akzeptéiert wouropshin et zu engem Prozess koum. D’Begrënnung vun der Justiz wier, datt een d’Kand viru Viruerteeler wéilt protegéieren.

D’Virnimm "Griezmann" an "Mbappé" goufen doropshin offiziell verbueden.  D’Kand gouf spéiderhin Dany Noé vun den Eltere benannt.