An hei?!Dramjob?! - 2046€ brutto fir näischt ze maachen

A Schweden gëtt et den Ament en Job mat Dram-Potential: Eng Persoun erhält liewenslaang e Salaire ouni e Fanger dofir kromm ze maachen.

Leschten Update: 18.03.2019, 09:33:57

© Unsplash

Liewenslaang agestallt. Liewenslaange Salaire. Usproch op Congé a Pensioun. An alles wat ee fir dësen Job maache muss ass absolut näischt, respektiv nëmmen dat wat ee wëll. Dat kléngt net nëmme wéi en Dram mee och nach total utopesch a surreal. Ma genee dësen Job gëtt elo zur Realitéit a Schweden.

Zu Göteburg gëtt effektiv eng Persoun gesicht, déi sech liewenslaang fir d'Näischtmaache bezuele léisst. An dat mat engem Brutto-Salaire vun 2046 Euro de Mount, also net emol schlecht wann ee bedenkt datt ee fir dës Suen absolut näischt ëmrappe muss. En Haken gëtt et dobäi net, esou d'Annonce: "Et komme keng Flichten oder Verantwortunge mat der Positioun an d'Aarbecht wär réng dat wat den Aarbechter selwer maache wéilt". Eng kleng Aufgab gëtt et awer, et muss ee sech moies an owes bei engem Schalter op der Göteborger Gare an- an ausloggen. 

Hannert der Aktioun stécht de Projet "Eternal Employment" vun de Kënschtler Jakob Goldin a Simon Senneby, mat deem béid d'Iddi vun der Aarbecht an enger digitaliséierter Welt wëllen hannerfroen. De Goldin a Senneby interesséiere sech dofir, wat et mat Mënsche mécht wann se sech net iwwer hir Aarbecht oder Produktivitéit kënnen definéieren. Gëtt de Mënsch faul oder verwierklecht e sech selwer? Wat fänkt e Mënsch mat engem bedéngungslose Grondakommes un a wat mécht e mat senger neier Fräiheet?

Vum Joer 2025 un kënnen d'Demanden agereecht ginn, d "Aarbecht" selwer fänkt dann 2026 un, zesumme mat der Aweiung vun der neier Gare, wou ee sech Dag fir Dag an- an auslogge muss. Iwwregens: Och international Bewerber si wëllkomm. Fir de Projet ze finanzéiere gouf souguer extra eng Organisatioun gegrënnt, déi knapp 580.000 Euro verwalten, an esou uleeë soll datt de Salaire fir eng Dauer vun 120 Joer garantéiert ass. Also méi wéi genuch Zäit fir sech ze iwwerleeë wat ee mat sengem Liewen ufänke soll...