An hei?!Jong schenkt den Nopere Sue vu sengen Elteren

An Däitschland huet ee Bouf d'Erspuernisser vu sengen Eltere verschenkt. Hien ass bei d'Nopere schelle gaangen an huet hinne Sue geschenkt.

Leschten Update: 19.03.2019, 07:11:53

© Eldoradio

Wat war dann do lass?

Een 9 Joer ale Bouf huet am hessesche Bad Vilbel d'Erspuernisser vu sengen Eltere verschenkt. De Jong soll un e puer Hausdiere geschellt hunn an de Leit jeeweils ee 50 Euro Schäi ginn hunn, heescht et vun der Police.

Deemno wier de Bouf de leschte Samschdegowend mat am ganzen 2.700 Euro ënnerwee gewiescht. D'Kand huet un den Diere geschellt a gesot dat hien d'Sue virum Haus fonnt huet. E puer Bewunner hunn de Schäin ugeholl an hunn dem Bouf zum Deel e puer Su ginn well hien hinnen no esou "éierlech" war. Ee Bewunner war allerdéngs skeptesch an huet d'Police geruff.

D'Beamten hunn du festgestallt dat de Bouf déi ganz Erspuernisser vu sengen Elteren dobäi hat. Vun de Suen hunn eng 200 Euro gefeelt, sou d'Police.

Wisou de Bouf d'Sue verschenkt huet, ass net ganz kloer...