An hei?!Refrigerdating - Fann déi grouss Léift unhand vum Frigo

Hei zielen déi bannescht Wäerter...

Leschten Update: 19.03.2019, 12:01:26

© Pexels

Jidderee kennt d'Spréchwuert "Du bass wat s du ëss", ma ganz no deem Motto gëtt sech dann elo dank der Plattform "Refrigerdating" op Partner-Sich gemaach. Wien eng Foto vu sengem Frigo-Inhalt eropluet gëtt vun der Säit mat Leit a Kontakt bruecht, déi inhaltlech d'selwecht ticken. Esou léiert een eng Variatioun u Frigoe kennen a ka sech déi potential Dates eraussichen, déi sengem Goût am nooste kommen.

D'App gouf vu Samsung entwéckelt an och wann dat Ganzt no enger zimlech absurder Tinder-Kopie kléngt, läit d'Firma mat hirem Konzept villäicht guer net esou falsch. Den Inhalt vun eisem Frigo, a wéi mir e presentéiere seet nämlech méi iwwert eis aus wéi mir mengen: Wéi propper hale mir en? Wourop leeë mir Wäert? Soll et gesond sinn? Ouni Fleesch? Fitness-Freak? Gëtt et iwwerhaapt eppes oder ass alles ofgelaf? - Dat alles si Saachen, déi net nëmmen eppes iwwert eis Iessverhale verroden, mee och iwwert eis Perséinlechkeet am grousse Ganzen.


Virstelle kann ee sech et dann awer e bësse wéi Tinder - just datt een aplaz vu Selfien, Fotoe vu Frigoe gesäit. Bei dëser Foto stinn dann awer natierlech nach e puer Infoen zum Besëtzer, just unhand vun engem Frigo well ee sech da wuel awer net op en Dating-Partner festleeën. No riets swipen heescht iwwregens "Gefält mir", gekennzeechent mat engem Häerz-Symbol. No lénks heescht "An d'Poubelle domat" an ass passenderweis genee esou symboliséiert.

Wien elo op de Goût komm ass kann hei seng Frigoe vergläichen. A wie weess villäicht kënnt der an e puer Joer äre Kanner dovun erzielen datt d'Fläsch Béier bei der Mama am Frigo de sprangende Punkt war fir sech kennen ze léieren.