An hei?!Ze séier mam Auto ënnerwee mat witzeger Ausried

Erwëscht gi wéi der ze séier ënnerwee waart? Wat war dann är Excuse? D'Police muss sech ëmmer nees skurril Excusen unhéieren, sou och déi an Eistrräich.

Leschten Update: 08.04.2019, 09:54:14

© Eldoradio

Déi Chaufferen déi ze séier ënnerwee sinn an dobäi erwëscht ginn, hunn ëmmer nees aussergewéinlech Ausriede wisou se ze séier gefuer sinn.

Dat ass och an Eistrräich net anescht. Ma do hat awer ee Chauffer eng vun de beschten Ausrieden zënter laangem parat, wéi d'Police dësen erwëscht huet. 

Geschitt ass dat Ganzt e Samschdeg am Bezierk Kitzbühl. Sou huet de concernéierte Chauffer der Police gesot, dat hie grad säin Auto gewäsch huet an den Auto mat Hëllef vum "Fuer-Wand" dréchne wollt. De Mann hätt op der Strooss nëmme 60 km/h fueren dierfen, war awer mat 118 km/h ënnerwee. Hie wollt dat den Auto sou méi séier dréche gëtt. 

Den Auto war dann och tatsächlech naass, heescht et vun der Police. Mä d'Sonn huet o geschéngt a sou wier den Auto och duerch d'Sonn gedréchent, heescht et weider vun der Police. 

Fir de 27 Joer ale Chauffer gouf et um Enn natierlech ee Protokoll...