An hei?!QR-Code-Tattoo fir e Video deen et net gëtt

Een argentinesche Fan vum Fussball wollt de Gol vu senger Liiblingsequipe fir ëmmer an engem Tattoo festhalen. De Video dovun ass awer elo verschwonnen.

Leschten Update: 15.04.2019, 04:45:14

© Pixabay

Domat hat de River-Plate-Fan wuel net gerechent. Am Dezember 2018 hat d'argentinesch Fussball Equipe de Match géint d'Boca Juniors an der Final vun der Copa Liberatadores gewonnen. Dëst wollt ee Mann aus Argentinien fir ëmmer festhalen - a Form vun engem QR-Code-Tattoo op sengem Been.

Wann de Code gescannt gëtt, sollt en eigentlech op ee Youtube-Video féieren, wou een sech de Gol vun der Gewënner-Equipe ukucke kann. Genau dësen existéiert elo net méi. Ee Manchester-United-Fan huet de Video gemellt, well e géint d'Copyright Gesetz verstéisst. An engems huet en dofir gesuergt, dass de Video am ganzen Internet verschwënnt. 

Den Tattoo bleift als eenzeg Erënnerung.