An hei?!Kaffi ouni Kaffisbounen?

Dat hu sech elo zwee Entrepreneren aus Seattle als Challenge gesat.

Leschten Update: 16.04.2019, 08:49:33

© Pexels.com

Wat eigentlech no der Zukunft kléngt, kéint an deenen nächste Jore Realitéit ginn. Atomo e Start-Up aus Seattle wëll Kaffi ouni Kaffisbounen op de Maart bréngen.

Bei hirer Kreatioun handelt et sech ëm eng Aart Molekular-Kaffi. Déi zwee Entwéckler hunn et fäerdeg bruecht d’Haaptaromen aus dem Kaffi hierzestellen, dat awer ouni dass e batter ass. Hiren Ausgangsproduit hu si awer nach net fonnt. Am Moment experimentéieren déi zwee Grënner mat Sonneblummen- a Waassermelounekären. D'Zil ass et, eng Zort Polver hierzestellen deem dem Kaffiserliefnis esou no wéi méiglech komme soll.

De Grond fir hir Iddi ass och ganz zukunftsorientéiert. Duerch de Klimawandel sinn enger britescher Etüd no 60% vun de Kaffisplanze kompromettéiert. Dowéinst hu sech déi zwee innovativ Käpp als Zil gesat e Produit ze entwéckelen, deen nohalteg ass an trotzdeem gutt schmaacht.

Bis den definitive Produit steet kéint awer nach e bëssen Zäit vergoen.