An hei?!Blomaache fir besser Produktivitéit

An der Berliner Entreprise "Einhorn" bestëmmt d'Personal selwer, wéini a vu wou aus geschafft gëtt.

Leschten Update: 19.05.2019, 19:36:26

© Pexels.com / Vince Rvd

D'Entreprise "Einhorn" aus Berlin produzéiert Verhiddungsmëttel an Hygiènesproduiten fir Fraen. 

Mä wat d'Firma eigentlech esou besonnesch mécht, ass d'Aart a Weis, wéi d'Personal hir Selbstbestëmmung ausliewen dierf.

Si dierfen hir Aarbechtszäiten, Congésdeeg, a souguer de Salaire selwer bestëmmen. 

De Grënner Philip Stiefer begrënnt säi Konzept domat, dass Leit mat schlechter Motivatioun souwisou net gutt schaffen. Andeems hie sénger Equipe d'Wiel léisst, op se schaffe wëllen oder net, steigert hien d'Produktivitéit an d'Zefriddenheet. Granzeg Persoune géifen d'Mataarbechter just mat erofzéien, esou den Entrepreneur.

Eigentlech misst een sech jo elo virstellen, dass de Büro dauernd eidel ass. Dat ass allerdéngs net de Fall. 2 bis 3 mol am Mound kënnt et fir, dass Aarbechter doheem bleiwen. Si schreiwen dann an de Messenger: "Ech hunn haut kee Bock". Déi aus dem Team reagéieren dorop mam "Applaus-Emoji".

 

Ass dann sou ee Konzept iwwerhaapt ëmsetzbar?

D'Aarbeschtspsychologin Julia Andorfer ass der Meenung, dass dëst eng méi gesond Aarbeschtsphilosophie wier, mä d'Ëmsetzung gesäit si skeptesch. 

Wien sech reegelméisseg eng Paus gënnt, fällt längerfristeg gesinn net sou oft aus. Onfair gëtt et, wann d'Mataarbechter ënnert dem Blomaache leiden. 

An Schichtsystemer an am Verkaf wier et ausserdeem onméiglech, de Leit dës Fräiheet ze erméiglechen.