An hei?!GoT-Spoiler gesinn? Da kënnt der dofir entschiedegt ginn!

Game of Thrones-Spoiler si fir Fans den Horror. Mee wat wier wann der dofir bezuelt géift ginn, wär et dann derwäert de Schluss verroden ze kréien?!

Leschten Update: 20.05.2019, 11:56:49

© YouTube Screenshot

Et gëtt wuel kaum eng Serie, déi esou vill Spoiler-Angscht bei Fans ausléist wéi Game of Thrones. Grad bei der 8. Staffel hu Leit an akuter Panik gelieft en Detail gewuer ze ginn, ier se déi aktuellsten Episode gekuckt haten. Virun allem elo, wou déi lescht Episod vun der leschter Staffel, also d'Enn vun enger Era, eraus ass, kann een net virsiichteg genuch sinn. Falls der trotzdeem iergendwou gespoilered gouft, kënnt der elo villäicht nach e Virdeel aus dem ganze Misär zéien.

Déi britesch Versécherungsfirma "Endsleigh" huet an engem Communiqué verspracht eng Versécherungszomm vu jeeweils bis zu 100 Pond (also ëmgerechent ëm déi 115€) un 10 Game of Thrones-Fans ze bezuelen, deenen d'Iwwerraschung vum Finale vun der Kult-Serie ruinéiert gouf. D'Versécherung huet hire Sëtz a Groussbritannien, do wou Fans sech deemno och ëmmer gedëllege mussen ier d'Episod offiziell ausgestraalt gouf. Datt Spoiler grad bei GoT en akut Thema sinn ass och der Marketingchefin vun "Endsleigh" opgefall an esou huet d'Firma sech dem Problem ugeholl a bidden deemno déi éischt Spoiler-Versécherung vun allen Zäiten un.

Et wier zwar déi éischt Versécherung vun där Zort, géif de Gag awer gutt lafen da géif ee sech iwwerleeën dës Aktioun op aner Serien auszebreeden. Fir sech ze bewerbe kënne Fans op der Website vun der Versécherung hir Demande eraschécken an erkläre firwat hir Spoiler-Erfarung esou schlëmm war datt se remuneréiert sollte ginn. Déi bescht 10 gi bis den 31. Mee kontaktéiert.