An hei?!Den eegenen Numm op de Mars schécken

Et gëtt eng nei Offer vun der NASA: den eegenen Numm op de Mars schécken.

Leschten Update: 22.05.2019, 05:24:34

© pixabay

Bis Mënschen um Mars landen, kéint nach e puer Joren daueren, ma op d'mannst kann elo jidderee säin Numm op de roude Planéit schécken.

Op der Internetsäit vun der NASA kann een de Vir- a Familljennumm androen an dann eng Aart virtuelle "Boarding Pass" kréien.

Den Numm gëtt op ee Mikrochip gespäichert, deen am Juli 2020 mam nächste Mars-Rover vun der NASA starte soll. De Rover soll am Februar 2021 um Mars landen an de Planéit ënnersichen.

Bis den 30. September kann een dat Ganzt maachen an zwar hei!