An hei?!Éischte Präis beim Damme-Squash: Vibrator

Eng Corbeille, déi wuel de Sexismus am Sport zelebréiere soll...

Leschten Update: 23.05.2019, 13:20:13

© Twitter Screenshot / Betsabe Rosales

Eng kleng Quiz-Ronn: Dir hutt déi éischt Plaz bei engem Concours gemaach a kritt e Bokal an e puer Kaddoen iwwerreecht. Dorënner eng Feil fir den Houf, Wuess fir sech d'Hoer ze entfernen an e Vibrator. Wou hutt dir gewonnen?

A. Op enger Erotik-Foire

B. Bei engem Dr. Sommer-Concours

C. Bei enger Damme-Squash-Meeschterschaft

D'Äntwert louch jo wuel op der Hand: C. Bei enger Damme-Squash-Meeschterschaft. Natierlech solle Fraen, déi bei Sport-Tournoie matmaache jo och Präisser kréien, déi hire Bedürfnisser gerecht ginn...oder?!


Wat sech no engem zimlech sexistesche Witz unhéiert, ass viru kuerzem tatsächlech esou an der nordspuenescher Provënz Asturien geschitt. Den 11. Mee goufen d'Elisabet Sadó, zesumme mat 3 anere Sportlerinne bei der Squash-Meeschterschaft ausgezeechent ginn a krut dës Präisser iwwerreecht.



Nodeems sech d'Gewënnerinne bei der Squash-Vereenegung op der Plaz beschwéiert haten, ass dat Ganzt thematiséiert ginn. Dräi Organisateure sinn zréckgetrueden an och am Numm vum Club gouf sech offiziell entschëllegt. D'Kaddoe wieren net ubruecht gewiescht an hätten net duerfe verschenkt ginn. Wat allerdéngs net verrode gouf: Wat waren d'Kaddoe fir déi männlech Gewënner?!

D'Sadó selwer seet, si wier iwwerrascht ma virun allem enttäuscht vun dem Message gewiescht. Et géif mol erëm de Sexismus am Leeschtungssport bestätegen, an deem Fraen net nëmme méi schlecht bezuelt, ma och anescht behandelt ginn. Esou eppes Sexistesches wéi dës Corbeille wär awer de Clou vun hirer Carrière am Profi-Sport.