An hei?!Eng Kamera fir äert bescht Stéck

Dir kënnt souguer am däischtere filmen!

Leschten Update: 24.05.2019, 08:58:25

© Youtube Screenshot

Ob d’Vakanz, Gebuertsdeeg, Concerten oder all anert méiglecht Event, ëmmer méi Leit filmen hir Erliefnisser. Ganz beléift sinn zum Beispill GoPro Kameraen. Kléng, kompakt, handlech an eng gutt Video-Qualitéit.
Elo ass e neie Konkurrent um Marché, deen d’Spréchwuert „mittendrin statt nur dabei“ zimlech wuertwiertlech hëlt.


"Cock Cam“ heescht d’Kamera an ass haaptsächlech dofir geduecht, Pornoen ze dréinen. Wat no engem "Scherzartikel" kléngt ass am Fong awer eng relativ professionell Kamera, déi 90 Minutte laang an 1080P ophuele kann a souguer mat Infrarout am däischtere filme kann.


Ganz bëlleg ass d’"Cock Cam" wéinst der gudder Qualitéit och net. Wie seng Erliefnisser am Bett verfilme wëll, muss 145€ op den Dësch leeën.