An hei?!Rout-Wäiss géint Wäiss-Rout: Duercherneen beim "Pokalfinale"

Fir Diskussiounen huet bei der DFB-Pokalfinall virun allem eppes gesuergt, nämlech d'Trikoten vun den zwou Equippen. Dës ware schwéier ze ënnerscheeden.

Leschten Update: 26.05.2019, 16:07:07

© Odd ANDERSEN / AFP

Rout-Wäiss géint Wäiss-Rout: Dës ongewéinlech Trikot-Faarwen hu bei der Finall vum DFB-Pokal tëscht dem FC Bayern München an dem RB Leipzig fir Duerchernee gesuergt. Am Internet hu sech vill Zuschauer doriwwer opgereegt, datt si béid Ekippe kaum hätte vunenee kënnen ënnerscheeden. 

Den RB Leipzig hat als Heem-Ekipp d'Recht, sech als éischt fir den Trikot ze entscheeden. D'Spiller haten e wäissen Trikot mat enger rouder Box un. D'Ekipp vu Münche wollt anscheinend net hir Ausweärtstrikote benotzen an huet sech dowéinst an den neien Heem-Trikote gewisen, mat roudem Trikot a wäisser Box. De Schiedsrichter huet do kee Problem gesinn. 

Och d'Spiller waren am Ufank skeptesch géigeniwwer der Faarwkombinatioun. Um Enn konnt sech den FC Bayern mat 3:0 duerchsetzen.

© John MACDOUGALL / AFP