An hei?!Bierger an Holland sollen Extasy-Laboe „richen“

Am Kampf géint d'Partydrog Extasy setzt de Parquet an Holland elo op e spezielle Parfum.

Leschten Update: 26.05.2019, 18:34:37

© NOEL CELIS / AFP

Wéi et vun de responsabelen Autoritéiten heescht géif deen un de Geroch vun den Extasy-Pëllen erënneren, déi e bëssen no Anis richen. De Spray mat der Opschrëft soll esou de Bierger weisen, wéi e Geroch bei der Hierstellung vun der Drog entsteet. Esou solle si da méiglecherweis Laboen an hirer Ëmgéigend „erschnoffele“ kënnen, esou e Spriecher vum Parquet.

Wéi déi hollännesch Noriichtenagence ANP schreift hätt sech och den hollännesche Ministerpresident Mark Rutte am Stadzentrum vun Den Bosch den neien Doft virféiere gelooss.

Bierger, déi dat an Zukunft wëlle maachen, kënnen de Parfum an der Gemengenadministratioun oder de Policebüroen ausprobéieren.