An hei?!Wann d'Mamm vun der Frëndin en One-Night-Stand war...

Da kann ee sech d'Kenneléiere vun den Eltere spueren.

Leschten Update: 04.06.2019, 11:35:44

© Pexels

Eng nei Bezéiung ass ëmmer mat vill Emotiounen a Freet verbonnen. Wann een dann och nach d’Eltere vum neie Partner bis kenne leiert, da kann och mol e bësse Nervositéit opkommen.

Sou och bei engem 21 Joer jonke Mann, deen d’Eltere vun senger Häerzens-Damm sollt kënne léieren. Wéi dësen da mat senger Frëndin virun der Hausdier stoung, ass d’Nervositéit an d’Luucht geschoss. De jonke Mann huet nämlech séier festgestallt dass hien schonn eng Kéier an deem Haus war, well hien do virun net all ze laanger Zäit eng Kéier en One-Night-Stand hat - An dat mat kenger Anerer wéi der Mamm vu senger Frëndin... oder zukünfteger Ex-Frëndin besser gesot.

Natierlech huet hien dat direkt misste beichten, well souwuel d’Mamm wéi och de Papp doheem op déi Jonk Koppel gewaart hunn. Datt dat net dee beschte Start mat de Schwéiereltere war an datt duerno séier Schluss bei der frëscher Koppel war, ass wuel keng Iwwerraschung méi.