An hei?!Kaffi-Trick beim Virstellungsgespréich

Fir dass dir op näischt méi erafaalt.

Leschten Update: 06.06.2019, 09:24:45

© Unsplash

Fréier oder spéider huet jiddereen eemol säin éischt Virstellungsgespréich. Déi eng hunn der am Laf vun hirem Liewe méi, déi aner manner. Eppes ass awer ëmmer d’selwecht, an zwar dass ee bëssen nervös an opgereegt ass.
Dofir probéiert een sech doheem op all Fro perfekt virzebereeden, esou dass ee vun näischt méi iwwerrascht ka ginn.

Elo ginn et awer och Saachen, op déi ee sech net virbereede kann, well ee se guer net erwaart. Esou engem Test ginn zum Beispill potenziell Employéeë  vum Trent Innes, dee fir "Xero Australia" schafft, ënnerzunn. Hien nennt dësen Test : „Coffee Cup Test“

© Unsplash

Am Ufank vum Virstellungsgespréich bitt hien dem Kandidat ëmmer e Gedrénks aus enger vun de Kichen am Gebai un. Dat huelen si da mat an de Raum, an deem soss am Fong alles wéi gewinnt verleeft. Nom Virstellungsgespréich kënnt awer den eigentlechen Test. An zwar, op de Kandidat säi Becher oder Glas selwer erëm ewechraumt.

Wien dëst net mécht, ass fir den Trent schonn duerchgefall an huet keng Chance méi d’Aarbechtsplaz ze kréien.

Dir kënnt iech dësen Test also och mol verhalen, falls dir eemol e Gedrénks ugebuede kritt.