An hei?!Den neisten Trend bei Männer: Ouerréng

Den Andy aus der Morning Show an de Massimo aus dem Feierowend hunn de Männer-Ouerrank scho mol getest.

10.06.2019, 09:30:46

© Eldoradio

Accessoire fir d'Ouere ware bei Fraen a Pirate jo schonn ëmmer ugesot, elo feiert de Bijou och bei de Männer Succès. Heibäi punkten awer net onbedéngt simpel Ouerréng mat Diamante mee éischter méi laang Exemplaren, déi vun den Oueren erofbaumelen.

Mat engem coolen Unhänger wéi engem Kräiz oder enger rockeger Sécherheetsnol fale Männerouerréng och mat Sécherheet op, an dat sollen se och. Ëmmerhi maache Stare wéi de Brooklyn Beckham, Loco Escrito a Brian Havarie et vir a weise sech ganz cool mat Ouerrank an der Effentlechkeet an op social media.

Ma eis Eldo-Männer kënnen dach ouni Problem mat den Influencer mathalen.

© Eldoradio