An hei?!Am Iron Man senger Avengers-Hütt wunnen

Schlofe wéi den Tony Stark a seng Famill? Iwwer Airbnb ass dat méiglech...

Leschten Update: 12.06.2019, 17:04:14

© Twitter Screenshot

Direkt um Séi, 3 Schlofkummeren, 3 Buedzëmmer an eng Terrass - Dat kléngt schonn alles net esou schlecht. Ma bedenkt een dann och nach datt d'Luxus-Hütt eng Avengers-Location ass, geet fir vill Fans en Dram an Erfëllung.

An der Hütt 30 Minutte vun Atlanta fort, huet den Filmcharakter Tony Stark aus Avengers: Endgame mam Pepper Potts an der gemeinsamer Duerschter gewunnt, ier hien sech op e Neits zum Wuel vun der Welt an de Kamp géint dat Béist gestierzt huet. Net nëmme vu baussen erkenne Fans d'Hütt direkt erëm, och bannen gouf fir den Dréi net vill verännert an erënneren un de Film.

Duerch den Online-Site Airbnb kann een dës dann elo och lounen, dat zwar scho méi laang mee ufanks gouf d'Kooperatioun mat Marvel do guer net erwäänt. Eréischt wéi engem Avengers-Fan opgefall ass datt et sech hei em dem Tony Stark säin Doheem handelt, gouf bei de Besëtzer nogefrot, déi dat ganzt dorops bestätegt hunn. Kee Wonner also datt den Undrang op d'Luxushütt elo nach emol geklommen ass.


D'Lakeside Cabin fir 6 Persounen kascht allerdéngs och hire Präis: Ganzer 707 Euro d'Nuecht an zousätzlech 438 Euro Service-Gebieren déi nach dobäi kommen.