An hei?!Stréchmännchen identifizéiert méiglechen Abriecher

An England huet d'Police en 10-Järegen ausgezeechent well hie mat sengem Bild fir Sécherheet an der Schoul gesuergt huet.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:58:09

© Twitter Screenshot

De Ryan Cook, en 10 Joer ale Bouf aus Lemington, gouf um Schoulterrain vun engem Mann approchéiert, deen him friem war. Nodeems hie senger Mamm dovu gezielt an hir verroden huet datt de Mann probéiert hat an d'Schoul eranzekommen, hu seng Elteren d'Police geruff. Dës huet de Ryan doropshi gefrot hinnen e Bild vum Mann ze mole fir de méiglechen Abriecher ze identifizéieren.

Um Bild ass e Mann, oder besser gesot e Männchen ze erkennen, deen eng Glatz huet, eng Jackett dréit, Schong un de Féiss huet an eng Box unhuet. Bedenkt een datt d'Konschtwierk just eng Aart Stréchmännchen ass, an d'Wierder nieft der Figur méi Informatiounen hiergi wéi d'Zeechnung selwer, kann ee sech net virstellen datt de Jong vill zu der Sich bäigedroen huet.



Ma d'Beamte konnte mat Hëllef vun der Schoul erausfannen ëm wien et sech handelt an hunn de Mann als offizielle Visiteur identifizéiert. Fir dem Ryan awer ze signaliséieren, datt hie richteg gehandelt huet, huet d'Police vu Lemington dem Jong eng Auszeechnung fir säi Bild iwwerreecht an him fir seng "Detektiv-Aarbecht" gratuléiert.