An hei?!Op Jodel kréie Politiker en neie Beruff

E bësse Kreativitéit an ee Buschtaf am Numm austauschen, dat geet duer fir eng ganz Rei u witzegen Äntwerten.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:57:40

© Pexels

Zu München huet e Notzer vun der Social-Media-App Jodel e Spill erfonnt: Et muss ee just ee Buschtaf am Numm vun de Politiker änneren an dann e passende Beruff dozou fannen. D' Äntwerten, déi dorops erakomme ginn, wéi dat fir Jodler (User vun dëser App) esou üblech ass, vu kreativ, witzeg bis absolut grandios.

Hei e puer Beispiller:

Angela Werkel - Handwierkerin

Emmanuel Macaron - Patissier

Martini Schulz - Barkeeper

Ronald Regen - Meteorologe

Marie Le Pain - Bäcker

Adolf ITler - Computerspezialist

Theresa Mayo - Frittebuden-Besëtzerin

Napoleon Bonaparty - Eventmanager

Willy Brand - Pompjee

 

Elo feelen am Fong just nach e puer lëtzebuerger Politiker an dëser Lëscht.