An hei?!Baby gëtt am Zuch gebuer an dierf 25 Joer gratis Zuch fueren

Ongewéinlech Gebuert: E Kand ass an Irland am Zuch op d'Welt komm. D'Zuchgesellschaft huet sech mat gefreet, d'Meedchen dierf 25 Joer laang gratis fueren.

Leschten Update: 15.06.2019, 09:22:01

© Pexels

An Irland koum et dës Woch zu enger ongewéinlecher Gebuert. Wéi BBC News matdeelt, huet eng héichschwanger Fra am Zuch tëscht Galway an Dublin Wéie kritt. Eng Schaffnerin huet Kreesch vun der Toilette héieren an huet doropshin d'Dir opgemaach an déi schwanger Fra entdeckt. Si huet mat enger Duerchsoe no Hëllef geruff - mat Erfolleg. Am Zuch waren zwou Infirmièren an en Dokter, déi bei der Gebuert gehollef hunn.

D'Zuchgesellschaft "Iarnród Éireann" huet sech esou iwwer d'Gebuert gefreet, datt d'Meedchen e Bong kritt huet, fir déi nächst 25 Joer dierfe gratis mam Zuch ze fueren.