An hei?!Pensionär léisst säin Auto an der Wäschanlag zeréck  

A Rheinland-Pfalz léisst e 70 Joer ale Mann säin Auto zeréck well en an der Wäschanlag hänke bliwwen ass.

Leschten Update: 16.06.2019, 15:57:29

© Pixabay

„Wash&Run„ misst een dat wuel nennen. De Chauffeur huet säi Gefier an der Wäschanlag festgefuer a krut et och net méi eraus manövréiert. De Mann huet doropshin decidéiert et wier besser säin Auto zeréckzeloossen an huet sech en Taxi geruff.

Kuerz drop ass den Taxichauffer mat de Schlësselen opgetaucht mat der Noriicht dass den eeleren Här gär hätt, datt sech d’Personal vun der Tankstell em de Problem géing këmmeren. De Mann selwer ass éischt no néng Stonnen zeréck komm fir ze probéieren den Auto selwer lasszeschrauwen. D’Gefier huet um Enn mussen ofgeschleeft ginn.