An hei?!Mann flippt aus well et säi Burger net méi gëtt

Wat mécht een um 8:15 moies an engem Fast Food-Restaurant wann ee säi Wonsch-Menü net kritt?

Leschten Update: 17.06.2019, 11:35:41

© Pexels

Wéinst engem Burger, deen en net krut, a Mënz, déi him gefeelt hunn, ass en 31 Joer ale Mann um Samschde Moien zu Hamburg total duerchgedréint. De Mann hat an engem Fast Food-Restaurant e Burger bestallt, deen deen Ament net am Sortiment war, esou d'Police. Doropshin huet hie behaapt Suen am Buttek verluer ze hunn. Wéi de Mann an eng 26 Joer al Aarbechterin aus dem Restaurant d'Mënz net konnte fannen, huet hie si beleidegt a mam Doud menacéiert.

Wéi de Sécherheetsmataarbechter hie berouege wollt, huet de Mann e puer kleng Mëllechdëppercher geholl, eidel gedronk an duerch de Restaurant geschmass. Duerno ass hie fortgelaf, gouf vun der Police awer gestallt a festgeholl. En Alkoholtest huet erginn datt de Mann komplett niichter war. Géint dem 31-Järegen gëtt elo wéinst Verdacht op Beleidegung, Menace an Déifstall ermëttelt. Blesséiert gouf beim Virfall allerdéngs keen.