An hei?!Pressekonferenz live mat Kazefilter iwwerdroen

Eng pakistanesch Konferenz gouf per Live-Stream op Facebook iwwerdroen, rosa Kazenoueren a Schnurres inklusiv.

Leschten Update: 17.06.2019, 11:59:51

© Twitter Screenshot

D'Social Media-Team vun der pakistanescher Provënz Khyber Pakhtunkha huet viru kuerzem dofir gesuergt datt eng lokal Pressekonferenz ongewéinlech vill Opmierksam krut. D'Konferenz gouf nämlech per Livestream op Facebook iwwerdroen, allerdéngs huet een dobäi vergiess de Kazefilter ze desaktivéieren, an esou krut de Minister kuerzerhand rosa Kazenoueren an e Schnurres verpasst.

D'User hu reagéiert an déi Zoustänneg dorop opmierksam gemaach, wouropshin de Filter och séier desaktivéiert gouf. Ma d'Netz vergësst net an esou zirkuléieren zanterhier eng sëllech Fotoe vum Faux-Pas op Twitter.




Wärend sech weltwäit iwwert de Virfall amuséiert gëtt, hunn déi Verantwortlech Stellung dozou geholl a sech fir de Feeler entschëllegt.