An hei?!Fra leeft wéi e Päerd a geet viral domat

D'Norwegerin Ayla Kirstine huet Päerd esou gär, datt se direkt hire Lafstil imitéiert. An dat suergt online fir en Hit.

Leschten Update: 10.07.2019, 20:26:56

© Twitter Screenshot

Ass et en Hond, en Af oder awer e Pony? Nee et ass eng jonk Norwegerin mat engem ongewéinlechen Hobby. Wien d'Ayla Kirstine an der Natur begéint, dee staunt net schlecht iwwert säi Lafstil: D'Fra leeft wéi op 4 Patte wéi e Päerd. Si huet sech iwwer Joren ewech bäibruecht, wéi dës elegant Déieren ze lafen.

Op 4 Patten galoppéiert a spréngt d'Norwegerin iwwert Wisen, dat geséit net just beandrockend mee deels och e bëssen onheemlech aus. En Twitter Video vun hir entwéckelt sech dowéinst och a kierzter Zäit zum viralen Hit. Milliounefach deelen Internet-Notzer de Clip vun der Fra, déi galoppéiert, a rätsele firwat dës esou leeft.

D'Norwegerin erkläert: Si huet mat 4 Joer schonn Hënn esou gäre gehat, datt si ugefaangen huet dëse Gang ze imitéieren, spéider koum dunn d'Léift zu de Päerd dobäi an zanterhier leeft se esou duerch d'Géigend.