An hei?!D'Wallis huet Iwwergewiicht? Hei ass d'Léisung!

Et kënnt een zwar un d'Schweesse wann ee 15 Schichte Kleeder unhuet, ma de Koffer gëtt méi liicht...

Leschten Update: 10.07.2019, 20:26:20

© Twitter Screenshot

Jidderee kennt dat Gefill wann een um Fluchhafe steet an ziddere muss, datt d'Wallis ze schwéier ass. Ass dat nämlech de Fall gëtt et meeschtens richteg deier. Kee Wonner also, datt den John Irvine, Passagéier aus Schottland, net begeeschtert war drop ze bezuelen. An dat huet hien och net gemaach: Hien huet sech léiwer eng kreativ Taktik afale gelooss a virun der Crew ugefaangen all seng Kleeder iwwereneen unzedoen.

Déi waren nawell amuséiert an déi ganz T-Shirt-Aktioun gouf kuerzerhand vum Jong matgefilmt. D'Famill war um Réckwee aus Süd-Frankräich, wou et den Ament jo richteg waarm ass. Ma wien ze vill shoppe geet muss mat de Konsequenze rechnen, a wien net extra bezuele wëll muss ebe kreativ ginn. Esou huet den John ganzer 15 Schichten T-Shirten iwwerenee gedoe fir der Airline-Gebühr aus dem Wee ze goen.

Nodeems d'Wallis liicht genuch war, an de Papp gutt agewéckelt war, ass et an de Security-Check gaangen. Déi waren natierlech mësstrauesch an hunn de Mann opgefuerdert sech nees auszedoen, fir ze kontrolléieren ob näischt drënner verstoppt war. Duerno duerft hien d'T-Shirten awer ouni se nees unzedoe mat an de Fliger huelen.

 

Kuckt Iech hei de Video un!