An hei?!Déi grouss T-Rex-Course

Wéi gesäit et aus wann d'Dinoe mat de kuerzen Äerm Vollgas ginn? - Zimlech absurd...

Leschten Update: 10.07.2019, 20:26:42

© Youtube Screenshot

Op der Rennstreck "Emerald Downs" zu Auburn/Washington gouf et elo eng relativ ongewéinlech Course.

Aplaz vu Sportler oder Päerd, déi sech battelen, liwwert sech hei eng ganz Grupp un Dinosaurier, méi genee Tyrannosaurus Rex, en imposant Rennen.

Wéi een op esou eng skurril Iddi kënnt ass net gewosst, ma witzeg nozekucken ass et op alle Fall. 

Kuckt Iech hei de Video un!