An hei?!Fra verkeeft Droge live op Insta, Police kuckt no

Eng däitsch Fra bezeechent sech op Instagram selwer als Cannabis-Influencerin. Hiert Zil per Livestream Drogen ze verkafen ass awer schif gaangen...

Leschten Update: 11.07.2019, 17:09:13

© Pexels

Déi däitsch Netflix-Serie "How to sell drugs online (fast)" huet direkt an hirer éischter Staffel vill Fans fonnt. Zu deene gehéiert wuel och eng 29 Joer al Fra vu Berlin. Op d'mannst erënnert hire Fall staark un d'Handlung an der Serie.

Déi concernéiert Fra huet versicht live op Instagram Drogen ze verkafen. Dat war awer keng gutt Iddi. Si krut Besuch vun der Police, well déi huet hir nämlech op Instagram nogekuckt.

Um Enn huet d'Police 300 Gramm Cannabis, boer Geld, ee Laptop, een Tablett, een Handy an ee sou genannte "Schlagring" confisquéiert. Déi 29 Joer al Fra muss sech elo wéinst Drogenhandel an dem Verstouss géint d'Waffegesetz viru Geriicht veräntweren...