An hei?!Witzegt Mëssverständnes: Moana oder Marihuana?

Gewënscht war en Disney-Kuch, geliwwert gouf eppes méi Grénges - Do freet ee sech ob de Bäcker villäicht eppes intus hat...

Leschten Update: 11.07.2019, 11:45:55

© Twitter Screenshot

D'Kensli Taylor Davis, groussen Disney-Fan, hat sech fir säi 25. Gebuertsdag e Kuch am Moana-Design gewënscht. Seng Mam hat dëse bei engem lokale Bäcker iwwer Telefon bestallt an dësem erzielt wéi gären hir Duerschter Moana huet, an dass et dowéinst onbedéngt esou e Kuch fir säi 25. wéilt. De Bäcker hat d'Mamm awer mëssverstanen an huet Marihuana aplaz Moana héieren.




Esou ass aus dem Dram-Kuch séier en Drogen-Kuch ginn, natierlech nëmme vum Design hir. D'Duerschter huet d'Mëssverständnes awer relativ witzeg fonnt an direkt eng Foto via social media gedeelt, wou den Tweet dann och direkt viral gaangen ass.