An hei?!Porno-Reklamm um Infoscreen vun der Stad

Fir plakeg Tatsaachen aplaz vun den übleche Fakten huet en Hacker zu Altena gesuergt.

Leschten Update: 12.07.2019, 10:07:28

© Pexels

Zu Altena an Däitschland hate sech de Mëttwoch Hacker e Spaass draus gemaach, déi ëffentlech Infoscreens vun der Stad ze manipuléieren. Aplaz vun den üblechen Informatiounen, iwwert d'Buerg Altena a vum däitschen Drotmusée, déi d'Besicher soss op dëse Bildschiermer gewise kréien, waren hei op eemol plakeg Tatsaachen ze gesinn.

E Spriecher vun der Police huet erkläert, datt nieft dem Bild och eng Reklamm fir eng Pornosäit ugewise gouf. Eréischt am spéide Virmëtteg gouf dëst da vun de Beamte bemierkt, déi allerdéngs keng Léisung fir den Dilemma haten. Kuerzerhand gouf also de Bildschierm ofgeklieft, Beweiser geséchert an d'Stad iwwer hir Geräter, déi net funktionéiere wéi se sollten, informéiert.


Owes war d'Folie dunn net méi drop, de Screen war komplett gréng. D'Fachfirma gouf informéiert an d'Sécherheet iwweraarbecht. Et war allerdéngs net déi éischte Kéier, datt op den Infoscreens pornografescht Material ze gesi war.