An hei?!Mamm hëlt Kanner am Pool um Autosdach mat

An den USA gouf eng Fra vun der Police ugehale well si e Baseng um Auto transportéiert huet - Hir Kanner souzen dran!

Leschten Update: 12.07.2019, 11:31:14

© Facebook Screenshot

Et ass Summer an et ass waarm, do lafen natierlech vill Leit direkt an de Buttek a kafe sech ee Pool. Esou spontan muss et och bei enger Fra zu Dixon, Illinois, gaange sinn. Dës hat wéi et schéngt net dee richtegen Auto oder Gurter dobäi fir de Pool anstänneg ze transportéieren. 

D'Fra gouf vun der Police ugehalen, well si e schonn opgeblosene Baseng um Autosdach duerch d'Géigend kutschéiert huet. Domat net genuch: Am eidele Pool souzen zwee Meedercher vun 8 an 16 Joer. Am Laf vun den Ermëttlungen ass dann erauskomm, datt hir Kanner drasouzen fir de Baseng op der Faart festzehalen.


Déi 49 Joer al Mamm gouf wéinst skrupellosem Verhalen ugeklot a well si hir Kanner a Liewensgefor bruecht hätt. Mëttlerweil gouf d'Fra dann op Kautioun fräigelooss. Ënnert dem Facebook Post vun der Police ginn d'Meenungen auserneen, wärend déi meescht d'Handele vun der Mamm kritesch betruechten a veruerteelen, sinn och e puer Kommentaren drënner, déi dat ganzt net esou schlëmm fannen: "Viru 15 Joer wier dat nach guer kee Problem gewiescht".