An hei?!10km Stau well Mann säin Auto dréckt

Engem Autofuerer war de Bensin ausgaangen, kuerzerhand huet hie säi Gefier mat Muskelkraaft ugedriwwen...

Leschten Update: 15.07.2019, 09:38:30

© Pexels

Wéi suergt ee bannent kierzter Zäit fir vill Stau? Ganz einfach: Et vergësst een tanken ze goen. Esou ass et engem Mann op der A4, der Autobunn vun Dresden bis Görlitz, gaangen. Säin Tank war eidel an doropshin huet hien säin Auto gedréckt. De Verkéier op der eespureger Streck ass nëmme lues virugaangen. Fir ganzer 10 Kilometer Stau huet den Autosfuerer mat senger Aktioun gesuergt.

Wéinst engem Chantier war op dëser Streck souwisou scho just eng Spur op, e Mann dee säin Auto mat renger Muskelkraaft un d'Fuere bréngt, huet dem Zéifloss do definitiv net gehollef. Honnerte vun Autofuerer sinn deemno am Schrëtttempo hannendru getuckert.

Ronn 100 Meter virun enger Raststätt hätt den 43-Järegen awer keng Kraaft méi gehat an hien huet säi Gefier stoe gelooss. De Bäifuerer, dee sech vun engem aneren Auto bei eng Tankstell feiere gelooss huet, koum du mat engem Kanister zréck an déi zwee konnten nodeems se opgefëllt haten nees starten, dës Kéier mat Bensin. Der Police no hätt et iwwert eng Stonn gedauert bis de Stau sech nees opgeléist hätt.